top of page

T h e a t e r s t é c k e r

Vu kleng u faszinéiert vu Sprooch a vu Wierder, war et nëmmen eng Fro vun der Zäit bis hien sech och un Theaterstécker huet misse probéieren. Nom Erfolleg vu sengem éischte Stéck "Am Klouschter" 2017 huet hien ëmmer e puer Stécker parallel an der Maach an ass och oppen fir Bestellungen op d'Mooss.

Hei fannt Dir seng Theaterstécker:

DAVID EVERARD

David Everard.jpg
  • Facebook Social Icon
Anchor 1

Am Klouschter - Lëschtegen Dräiakter vum David Everard

Dräiakter. 4 Fraën, 4 Männer + 1 Persoun. Verschidde Rolle kënnen och anescht besat ginn.

D'Stéck "Am Klouschter" ass ee lëschtegen Dräiakter, deen, wéi den Numm et seet, an engem Klouschter spillt. Wéi zwee Sanitärinstallateuren geruff gi fir do d’Toiletten ze reparéieren, treffen si op eng Welt voller Geheimnisser, Agentegeschichten a magesche Reliquien.
 

Café Wolter - Lëschtegen Dräiakter vum David Everard

Een dräi Akter. 3 Männer, 3 Fraën.

Et ass e Stéck fir kleng Equippen, e lëschtegen Dräiakter deen, wéi den Numm et seet, an engem Café spillt. 

 

Den Tom an de Bob sinn all Dag beim Fränky am Café. Dat ass dem Arlette, dem Tom senger Fra, enges Dags zevill. Hat wëll d’Scheedung a setzt e Privatdetektiv op den Tom un. Vun do u geet alles drënner an driwwer…

Anno 1706 - Lëschtegen Dräiakter vum David Everard

Dräiakter. 5 Männer, 3 Fraën (+1 Mann oder Fra an nach 2-4 Persounen fir kleng Rollen)

D'Stéck “Anno 1706" ass ee lëschtegen Dräiakter deen eis iwwer 300 Joer an d’Vergaangenheet an eng 7.500 km vu Lëtzebuerg op d'Bahamas versetzt. Hei treffe mir e Grupp lëtzebuerger Wënzer déi sech vun der Musel aus opgemaach hunn fir an der Karibik e Pirateliewen ze féieren. Dat ass méi schwéier ewéi erwaart, an da geet hinnen och nach de Wäin aus! Eng fir Wënzer inakzeptabel Situatioun. Villäicht kann de Käptn Blackbeard hinne bei der Léisung vum Problem hëllefen? Mee mëcht hien dat aus guddem Wëllen oder verlaangt deen Däiwel duerfir een héije Präis?
 

Please reload

bottom of page