top of page

Autorerechter

Wéi héich sinn d'Autorerechter?

 

Fir Amateur-Theater-Gruppen ginn et Forfaiten:

Kontaktéiert eis w.e.g. iwwert eist Kontaktformular oder iwwer info(at)entertainment.lu.

Fir professionnell Theatergruppen:

D'Autorerechter sinn 10% vun de Bruttoeinnahmen vun der Entréeskees  (Vorverkauf- und Abendkasse) baséierend op dem Gesetz zu den Autorenrechten vum 18. April 2001 mat enger ënnschter Deckelung. Fir méi Informatiounen heizou kontaktéiert eis.

Muss ech fir all Opféierung Autorerechter bezuelen?

Am Prinzip jo.

Däerf ech den Titel vum Stéck änneren?

Neen, dat ass duerch d'Autorerecht net erlaabt.

 

Däerf ech d'Stéck änneren?

Däerf ech d'Stéck änneren andeems ech Text vun Drëtten dran afléisse loossen oder vechidde Stécke matenee kombinéieren?

Neen, dat ass Autorerechtlech ausgeschloss.

Muss den Autor / d'Autorin op de Plakater, Flyeren o.Ä. genannt ginn?

Jo wann ech gelifft – dat ass och urheberrechtlich verpflichtend.

Kann ech d'Stéck filmen a verëffentlichen?

Filmopnahme musse schrëftlich ugefrot ginn. Ausservertraglich Verëffentlichungen sinn net erlaabt.

bottom of page